BicherKueb an Cent Buttek an der "Corona Kriis"

Eng dynamesch Mataarbechterin vun der Beetebuerger Cent Buttek's Equipe hat déi flott Iddi fir en Deel vun de Bicher aus dem BicherKueb mat heem ze huelen fir se vum 5. Abrëll bis de 15. Mee virun hirem Haus zu Bierchem opzestellen. De "Selfservice"-Verkaf war an der Krisenzäit eng interessant Attraktioun an der "Méckenheck" an huet der Asbl vum Cent Buttek 426 € erabruecht, méi wéi zu "normalen" Zäiten an der Garer Strooss zu Beetebuerg.

Den 8. Juni geet de BicherKueb an och den Cent Buttek zu Beetebuerg nees op fir hir Clientë. Merci a Bravo Sylvie Liliane!

www.centbuttek.lu