D‘Soft Gym war an Gebuertsstad vum Beethoven

Fir déi fënnefte Kéier schon huet eisen Grupp vun dem Sport Loisir Beetebuerg / Leideleng sech ob en kulturelle Wee gemach. Thema dëst Joer war „Ob den Spuren vum Beethoven“ zu Bonn. No dem Musikaleschen Treppeltour ass et weider mat engem Schëff den Rhäin erof gaangen bis bei dat klengt Stiedchen Linz. Den Dag drop stoung Moies eng Wanderung duerch Wäinbierger vun Altenahr ob Mayschoss, an dono eng Visitt vun der Wënzergenossenschaft um Programm. Nomëttes hun mir dunn erlieft wéi stolz d‘Leit ob hiert klengt Stiedchen Ahrweiler sinn. Eisen Guide huet mat vill Humor an Anekdoten eis seng kleng Stad an d’Geschicht vum Wäin méi nobruecht. Zefridde goung et dono heem.

An den Summerméint mécht den Soft Gym Grupp eng Paus, fir erëm Mëtt September an déi nei Saison ze starten.Wann dir Loscht hutt an enger super Atmosphär Sport ze maachen, kuckt einfach ob dem Site „an-der-schwemm.lu no. ( Hoerold Mariette)