Eestëmmeg fir d'Koalitioun

Déi extraordinaire Generalversammlung vun der CSV Gemeng Beetebuerg huet e Sonndeg, 13. November eestëmmeg enger Koalitioun mat Déi Gréng an DP zougestëmmt. Den Koalitounsaccord ass ouni Géigestëmm ugeholl ginn. Am neie Schäfferot ass d’CSV mam Laurent Zeimet als Buergermeeschter vertrueden. Neie Fraktiounsspriecher vun der CSV ass den Jean-Jacques Schroeder, deen zesumme mat der Deputéiert Christine Doerner an dem Monique Merk-Lauterbour, d’Aarbecht vun der Koalitioun begleet. De neie Schäfferot gëtt e Méinden 14. November vereedeget en éischten Gemengerot mat Schäfferotserklärung ass fir den 25. November geplangt.