Fotografesche Réckbléck op d'Feierlechkeete vum nationale Commemoratiounsdag

Och an der Gemeng Beetebuerg gouf sech un de Kampf vum Lëtzebuerger Vollek am Zweete Weltkrich erënnert. Als Éieregaascht konnt dëst Joer de Stephan Toscani, President vum Saarlännesche Landtag begréisst ginn.


Nodeems zu Hunchereng Gerben néiergeluecht gi sinn, war zu Beetebuerg eng Gedenkmass zu Éiere vun all eise Krichsaffer.

Am Cortège ass et dono bei d’Monument aux Morts gaangen. An senger Ried ass de Buergermeeschter Laurent Zeimet op de Journalist Johannes Hoffmann aus dem Saarland agaangen, deen sech jorelaang géint d’Vereenegung vum deemolege Saargebitt mam Däitsche Reich gewiert huet, iert en dunn mat senger Famill aus senger Heemecht huet misste flüchten an 1937 fir eng Zäitchen zu Beetebuerg um Haff Altenhoven ënnerkoum ass. Mam Ufank vum Krich huet hien a seng Famill misse weiderzéien. E krutt déi däitsch Nationalitéit oferkannt an ass iwwer Frankräich a Brasilien geflücht.


Nom Enn vum Krich koum en zréck a seng Heemecht a gouf éischte Ministerpresident vum Saarland.


“D’Visitt vum Stephan Toscani ass e Symbol fir all Dag op e neits Brécken ze bauen, well e friddlecht Zesummeliewen ass keng Selbstverständlechkeet. Mir sinn eisen Affer schëlleg eis fir Fräiheet, Solidaritéit an en demokratescht Mateneen z’engagéieren”, sou de Buergermeeschter Laurent Zeimet zum Ofschloss vun senger Ried.