Halleffaaschten an de wisen zu Beetebuerg

An der résidence pour personnes âgées an de wisen zu Beetebuerg gouf fir d’éischte Kéier an hirer Geschicht eng Kavalkade organiséiert. Dëst wéi d’Traditioun et an eisem Land verlaangt um Freideg den 12. Mäerz 2021, de Weekend vun Halleffaaschten. Dobäi feiert d’résidence dëst Joer hiert 25. Jubiläum, ëm sou méi frou ass d‘Direktioun, datt hir Ekippen ëmmer nach op flott a nei Iddie komme fir de Bewunner Freed an hiren Alldag ze bréngen, besonnesch och an dësem Joer, wat nach vum Covid-19 gezeechent ass.

Déi ganz Ekipp ëm de Soutien hu wochelaang zesumme mat de Bewunner um Dekor vun hire Weenercher geschafft, esou datt ee flotten Ëmzuch ënnert dem Thema „Safari“ mat 3 flotte Ween an nach aner Gefierer sech op de Wee duerch d’Haus gemaach huet. Et goufe Kamellen a Banannen un d’Bewunner an d’Personal verdeelt. Dat Ganzt war ee grousse Succès fir all Bedeelegt.

Vleit gëtt d’Kavalkade jo eng nei Traditioun an der Residenz. Direktioun felicitéiert op alle Fall dem ganze Personal fir seng gutt Aarbecht um Terrain.