Héije Besuch - De Kleeschen on Tour an der Gemeng Beetebuerg

Och an dësen Zäiten huet de Kleeschen sech et net huele gelooss, d’Kanner aus dem Enseignement fondamental (Précoce/Cycle 1&2 ) ze besichen.

Wéinst der aktueller Situatioun huet seng Visitt missten un déi aktuell sanitär Mesuren ugepasst ginn. De Kleesche selwer ass mam gudde Beispill virgaangen an hat seng Mask un. Iert en sech dann op den Tour duerch d’Schoulen gemaach huet, ass hien vum Buergermeeschter Laurent Zeimet op der Gemeng begréisst ginn.

Am Ganze sinn an der Gemeng iwwert 2 Deeg 600 „Titercher“ mat Fairtrade Produiten un Kanner aus dem Enseignement fondamental verdeelt ginn. Mir wënschen alle Kanner an hiren Elteren dann och e flotte Kleeserchersdag.