Konveniat Joergäng 1952/1953 vu Beetebuerg

D'Joergäng 1952/1953 vu Beetebuerg hu sech getraff fir hiren 70. Gebuertsdag gehéierend ze feieren. No engem ganz interessanten Trëppeltour duerch Al Beetebuerg, wou se vum Toiny Graas, Member vun den Beetebuerger Geschichtsfrënn, ganz Interessantes gewuer gi sinn wat se nach net iwwert hier Heemechtssttad wossten, si se dunn am Collartsschlass vum Buergermeeschter Laurent Zeimet op e gemittleche Patt invitéiert gin. Den Dag gouf ofgeschloss mat engem gudde Maufel am Pefferkär zu Hünchereng. A si waren sech alleguerten eens: Laang gëtt net méi op de nächste Konveniat gewaart.

Weitere Neuigkeiten von Nicole Wildgen >