Näicht kannt d’Traditioun vum Kleesche stoppen !

De Kleeschen huet dëst Joer misse kreativ sinn. An der Residence pour personnes âgées an de wisen huet e säi Covid-Mobil eraus geholl, fir de Bewunner eng maximal Sécherheet ze garantéieren an hinne gläichzäiteg e Laachen an d‘Gesicht ze zauberen.

Eis Traditioun ass et, alle Bewunner, och deenen déi an hiren Zëmmer bleiwen, eng Visitt vum Kleeschen ze proposéieren. Dofir hu mir Hand an Hand geschafft an eise Service Technique huet e Weenche mat engem elektresche Rollstull gebaut mat deem de Kleeschen all Bewunner konnt eng Titche Séissegkeeten iwwerreechen. Des schéin Titercher goufe vun der Amicale gestëft, an och un d’Personal ass geduecht ginn.

E Besuch, dee räich un Emotioune war a mat vill Spannung erwaart gouf, an deen eis Bewunner esou schnell net vergiesse wäerten.