Neijoerschreceptioun vun der Gemeng Beetebuerg

Neujahrsempfang 2020 der Gemeinde Bettemburg (Foto: Alain Piron)

De Buergermeeschter Laurent Zeimet huet a senger Ried e klenge Réckbléck op 2019 gemaach, mee ass virun allem awer op d’Erausfuerderunge vun dësem neie Joerzéngt agaangen. Vill Projeten, wéi z.Bsp de Bau vum Centre culturel zu Hunchereng, d’Sanéierung vun de Quartiere sinn amgaang, anerer wéi déi nei Regiehal an d’Sanéierung vun der Peppenger Strooss wäerten dëst Joer ufänken.


An dann ass och de neie PAG zënter dem 01. Januar a Kraaft. Domat hëlt d’Zukunft vun eiser Gemeng konkret Formen un. D’Zil ass: e moderate Wuesstem, deen Entwécklung a Liewensqualitéit verbënnt. Mat enger neier Schoul, méi Wunnraum, vill Grénganlagen an e Bewosstsinn fir den Denkmalschutz.


Lues a lues wäert d’Gemeng och hir Projeten, déi fir Kulturhaaptstad ESCH2022 zeréckbehale gi sinn, virstellen.


Zum Schluss ass Chantal Fritsch aus der Receptioun vun der Gemeng mat engem Cadeau an Pensioun verabschide ginn an fir fir 20 Joer Déngscht goufe folgend Leit geéiert: Romain Waltener vum Gemengepersonal souwéi Jeff Folscheid, Christiane Hansen, Sandy Hut, Romy Hutmacher, Carlo Muller a Muriel Spoden vum Léierpersonal