Scheckiwerreechung bei den Amis du Guidisme

Op eng kleng sympatesch Feier waren mir den 16. Abrëll 2018 vun den "Amis du Guidisme Beetebuerg" invitéiert gin. Sie hun nämlech aus hieren Einnahmen aus dem vergangene Joer, Doen an Héischt vun 12500 € ausgedeelt. Et waren dest 5 Organisatiounen an zwar: RELAIS DE L'AMITIE zu Bilschdref vun LGS - KOLTEN Roland; Fondation Jean HAMILIUS jr - Mme HENTGES Martine; Fondation Kim KIRCHEN - Kim KIRCHEN; de LEEDERWON asbl - AENDEKERK Peter a Mme SCHMITZ Josette; AUTISME LUXEMBOURG asbl - Mme OBERWEIS Nathalie. E groussen Merci a Respekt fir hier Arbecht an hieren Asatz.