Scheckiwwerreechnung

Ufank dëses Joers huet d'CMM Kreativ Asbl (mam Sëtz zu Beetebuerg) je 1.000 Euro un folgend Asbl'ë (Déiereschutz) kënne spenden:


- Cats & Dogs Lëtzebuerg

- Staddauwen

- Wëlldéierestatioun Diddeleng

- Hamster.lu


Mir soën all eisen treie Bekannte Merci déi eis et méiglech gemaach hunn dës Zomm duerch selwer hirgestallte Saachen an enger wonnerbarer Ausstellung vun Aquarellbiller zesummen ze kréien. Och de Vertrieder vun den Asbl'en déi op eiser Versammlung waren fir d'Chèquen entgéint ze huelen soë mer Merci. Merci och dem Jérôme Jacob deen d'Fotoë gemaach huet.

Weitere Neuigkeiten von Claudine Lutty-Simon >