Schueberfouer an de wisen

Wéi et gëtt dëst Joer keng Fouer?

„Haut si mir de 25. August 2021, e schéine sonnegen Dag. Ech hunn elo grad e gudde gebakene Fësch giess …. an de Geroch vu gebrannte Nëss a Popcorn leit an der Loft. En Dréihuergelspiller suergt mat senge schéine Melodien fir Kirmesstëmmung. Vill Leit sinn ënnerwee an iwwerall si Spiller opgebaut: Douse werfen, e Mini Keelespill, e Schnouerspill, Mini Hockey, Inte fëschen an an an …. ech wees net wou ufänken! Well beim Inte fëschen ze vill Undrang ass maachen ech bei engem anere Spill mat a gewannen och nach eng Peluche! Ech bummelen weider duerch all déi Stänn bis ee mech mat an d’Geeschterbunn hëllt … wat en Erliewnis! Zum Schluss hunn ech mir nach e gudden Eisekuche mat Schlagsan gegönnt .. …. an um Radio hu se gesot dëst Joer gëtt et keng Fouer, just Fun an der City. Ma déi ware net zu Beetebuerg an de wisen!

An der résidence pour personnes âgées an de wisen zu Beetebuerg gëtt zënter e puer Joer d‘ Schueberfour bei eis am Haus fir all d’Bewunner organiséiert. Nodeem dëst flott Fest d’läscht Joer Covid bedengt hat mussen ausfalen, huet d’Ekipp vun der Animatioun sech dëst Joer besonnesch vill Méih ginn a flott Iddien ëmgesaat fir de Bewunner en ofwiesslungsräichen Dag ze bidden.

Déi ganz Ekipp ëm de Soutien huet wochelaang zesumme mat de Bewunner un der Dekoratioun an de Spiller geschafft, esou dass vill flott Attraktiounen konnten ugebuede ginn. De Bilan um Enn war méi ewéi positiv, d’Famillen an d’Bewunner ware begeeschtert an hunn der Ekipp villmols Merci gesoot fir dëse flotten Dag. D’Direktioun konnt sech dem nëmmen uschléissen an huet d‘ganzt Personal fir hiren onermiddlechen Asaz zum Wuel vun de Bewunner geluewt.