Zu Éiere vun den nonzegjärege Bewunner an de wisen - Beetebuerg

E Freideg, den 31. Januar 2020 gouf um 1600 Auer am Festsall vun der résidence pour personnes âgées an de wisen zu Beetebuerg eng Feier zu Éiere vun deene Bewunner organiséiert, déi am Joer 2019 hir nonzeg Joer kruten.


Den Här Thierry DIFFERDING, Direkter vun der résidence pour personnes âgées an de wisen an den Här Laurent ZEIMET, Buergermeeschter vun der Gemeng Beetebuerg hunn de Jubilaren hir Sympathie ausgedréckt an hinnen an deem Zesummenhang e Cadeau iwwereecht.


Bewunner vun der résidence pour personnes âgées an de wisen, déi geéiert goufen:


• Baulesch-Dennewald Adelaide

• Bock Jean

• Gros-Jager Josette

• Kremer Alice

• Kremer-Siedler Josephine

• Smith-Tonteling Anny

• Sonntag-Birscheid Germaine

• Straus-Faber Elisabeth

• Struttmann-Gaspesch Albertine

• Urth-Abbati Lucie

• Waringo-Have Elvire