Bettenduerf/Méischtrëff:Konveniat vun de Joërgäng 1959-1965

Kierzlech hun sech d'Schülerinnen an d'Schüler aus de Primärschoul vu Bettenduerf a Méischtrëff sech fir hiren 3. Konveniat ëremgesinn. Den Treffpunkt war an der Steekaul wou eng interessant Féierung vum Fierschter Jo André geleed ginn ass. Duerno ass un déi verstuerwen Matschüler erënnert ginn. Uschléissend huet d'Gemeng e Patt offréiert an et goufen sou munch Erënnerungen an Anekdoten opgefrëscht. Mam Steekaul-Express goung et zeréck op Bettenduerf, wou am Restaurant Terrace no engem gudde Maufel nach e puer gemittlech Stonnen verbruecht an sech nach vill Spiichten aus der Schoulzäit verzielt gi sinn. Alleguer hoffen sech a 5 Joër bei gudder Gesondheet ëremzegesinn.

Christiane Ries-Sauber

Weitere Neuigkeiten von Ries Romain >