Ënnerwee mat de Wanderfrënn Bettenduerf

Virun engem gutt gefëllte Sall konnt de President Georges Kintziger op der Generalversammlung nieft de ville Memberen a neie Memberen och verschidde Vertrieder vum Gemengerot begréisse grad esou wéi d‘Vertrieder vun der FLMP a vun den Nopeschveräiner.

A sengem Aktivitéitsbericht huet hien op een erfollegräicht Joer zréck gekuckt. De Mëttwochsmarsch war manner gutt besicht mat 259 Wanderer an déi grouss IVV-Wanderung mat Marathon huet awer nach emol 624 Wanderer op Gilsdref bruecht. Weider goufe 4 geféiert Wanderungen an der Gemeng organiséiert an d’Organisatioun vun der Coupe Scolaire louch fir déi 34. Kéier an den Hänn vun de Wanderfrënn. Och de Bettenduerfer Permanente Wanderwee PW 018 leeft nach ëmmer gutt an ass d’lescht Joer 391 mol besicht ginn.

Mee och d’Membere waren erëm ganz aktiv ënnerwee an si waren an der Moyenne mat jeeweils 19 Leit op de Lëtzebuerger IVV-Wanderunge vertrueden. Och am Ausland konnte vill Inscriptioune vun de Bettenduerfer enregistréiert ginn. Insgesamt waren d’Wanderfrënn mat 2.051 Participatioune vertrueden an hunn dobäi 28.085 Kilometer gewandert. Déi äifregst Wanderer vum Veräin waren 3 Dammen: d’Josée-Anne Zenner huet 3.968 Kilometer opzeweise virum Edith Ludivig mat 2.117 Kilometer an dem Pia Schneider mat 1.854 Kilometer.

De Caissier Marc Winandy huet ee liicht negative Bilan presentéiert, de bedéngt war duerch d’Uschafe vun neie Wander-T-Shirten, hie krut awer vun de Keesekontrolleren eng perfekt Gerance attestéiert.

Fir 2024 stinn erëm 2 traditionell IVV-Wanderungen um Programm, déi éischt war schonns de 14. Januar a war ganz gutt besicht, d’Summerwanderung mat Marathon gëtt de 25. August zu Gilsdref ugebueden. Och ginn erëm 4 geféiert Wanderungen ugebueden, dorënner den 30. November eng geféiert Glühwäinwanderung. Och ee Grillfest fir all d’Memberen ass fir de Summer ageplangt grad esou wéi erëm d’Organisatioun vun der Coupe Scolaire

Am Numm vun der FLMP huet d’Edith Ludivig dem Veräin fir seng Aktivitéite gratuléiert an en Opruff gemaach fir weiderhin zesummen am Benevolat am Sënn vum Wandersport ze schaffen.

De Conseiller Albert Back huet de Veräin fir säin Engagement a seng Aktivitéite gelueft an sech fir de jorelaang Organisatioun vun der Coupe Scolaire zu Bettenduerf bedankt.

Bei der fräier Aussprooch ass iwwert verschidden organisatoresch Iddie bei den Organisatiounen diskutéiert ginn.

Ofschléissend si follgend Membere fir hir äifreg Participatioune geéiert ginn:

Zenner Josée-Anne (3968 km) – Ludivig Edith (2117) – Schneider Pia (1854) – Reitz Nico (1634) - Reitz Margot (1621) - Thilmany Patrick (1398) - Sachsen Tom (1273) - Skinner Ruth (1191) – Decker Léon (1131) – Decker Nicole (1126) - Weber Gilbert (1042) – Mathieu André (905) - Groeff Monique (884) – Kintziger Pia (815) - Mousel Diane (786) - Stelmes Roland (641) – Heinz Erny (537) Hamen Jean-Paul (525)

Den Éierepresident Jos Groeff huet sech aus dem Comité zréck gezunn a krut mat enger schéiner Corbeille ee grousse Merci gesot fir säi laangen Asaz fir de Veräin.

Och de Caissier Marc Winandy krut eng kleng Belounung fir seng 25 Joer Aktivitéit am Veräinscomité.

De Comité ass no den deelweis Neiwalen onverännert:

President a Sekretär Georges Kintziger – Vizepresident Roland Stelmes - Caissier Marc Winandy – Membere Roger Flick, Erny Heinz a Gilbert Weber. Keesekontrollere sinn d’Monique Groeff a d‘Pia Kintziger.

Weitere Neuigkeiten von Georges Kintziger-Groben >