Generalversammlung D’Wanderfrënn Bettenduerf weiderhin um gudde Wee

Virun engem gutt gefëllte Sall konnt de President Georges Kintziger nieft de ville Membere och verschidde Memberen vum Schäffen- a Gemengerot begréisse grad esou wéi d‘Vertrieder vun der FLMP a vun den Nopeschveräiner.

A sengem Aktivitéitsbericht huet hien op een erfollegräicht Joer zréck gekuckt. De Mëttwochsmarsch war gutt besicht mat 464 Wanderer an de Nationale Wandersportdag huet nach emol 646 Wanderer op Gilsdref gefouert. Weider goufe 4 geféiert Wanderungen an der Gemeng organiséiert an d’Organisatioun vun der Coupe Scolaire louch fir déi 35. Kéier an den Hänn vun de Wanderfrënn grad esou wéi d’Organisatioun vum FLMP-Kongress 2022. Och de Bettenduerfer Permanente Wanderwee PW 018 ass ronn 350 mol besicht ginn.

Mee och d’Membere waren erëm ganz aktiv ënnerwee. Op kenger vun den 63 offiziellen IVV-Wanderungen 2022 zu Lëtzebuerg hunn d’Wanderfrënn gefeelt. Insgesamt ware si mat 2.668 Participatiounen ënnerwee an hunn dobäi 34.872 Kilometer gewandert. Déi äifregst Wanderer vum Veräin waren 3 Dammen: d’Josée-Anne Zenner huet 4.492 Kilometer opzeweise virum Ruth Skinner mat 3.168 km an dem Edith Ludivig mat 2.094 Kilometer. Bei der Jugend waren d’Tessy an de Noah Gillen mat 505 km vertrueden.

De Caissier Marc Winandy konnt ee positive Bilan vum leschte Joer presentéieren a krut vun de Keesekontrolleren eng perfekt Gerance attestéiert.

Fir 2023 stinn erëm 2 traditionell IVV-Wanderungen um Programm, eng Mëttwochswanderung den 12. Abrëll an d’Summerwanderung mat Marathon de 27. August. Och ginn erëm 4 geféiert Wanderungen ugebueden, dorënner den 2. Dezember eng geféiert Glühwäinwanderung. Och ee Grillfest fir all d’Memberen ass fir de Summer ageplangt grad esou wéi eng Busrees bei ee Veräin an d’Ausland.

Am Numm vun der FLMP huet d’Edith Ludivig dem Veräin fir seng Aktivitéite gratuléiert an en Opruff gemaach fir weiderhin zesummen am Benevolat am Sënn vum Wandersport ze schaffen.

De Schäffe Patrick Mergen huet déi gutt Relatiounen tëscht de Wanderfrënn an der Gemeng ervirgehuewen an de Veräin fir säin Engagement a seng Aktivitéite gelueft. Och konnt hien e puer flott Neiegkeeten aus der Gemeng iwwermëttelen.

Bei der fräier Aussprooch ass iwwert een neie Logo fir de Veräin geschwat gi grad esou wéi iwwert eng Formatioun betreffend Digitaalt Wanderen.

Ofschléissend si folgend Membere fir hir äifreg Participatioune geéiert ginn:

Zenner Josée-Anne (4492 km) – Skinner Ruth (3168) – Ludivig Edith (2094) – Schneider Pia (2020) – Weber Gilbert (1677) – Mousel Diane (1517) – Decker Léon (1491) – Decker Nicole (1461) – Reitz Nico (1244) – Mathieu André (1222) – Wagner André a Marie-Andrée (1166) – Sachsen Tom (1079) – Thilmany Patrick (973) – Reitz Margot (829) – Stelmes Roland (696) – Hamen Jean-Paul (686) – Groeff Jos (546) – Groeff Marie-Jeanne (522) – Gillen Karin, Laurent, Tessy a Noah (505) a Groeff Monique (504)

De Comité ass no den deelweisen Neiwalen onverännert:

Éierepresident Jos Groeff –President a Sekretär Georges Kintziger – Vizepresident Roland Stelmes - Caissier Marc Winandy – Memberen Roger Flick, Erny Heinz a Gilbert Weber. Keesekontrollere sinn d’Monique Groeff a d‘Pia Kintziger.

Foto: Edith Ludivig

Weitere Neuigkeiten von Georges Kintziger-Groben >