" MISE EN SERVICE " vum neien LFA1 am CIS BETTENDORF

E Samsdeg 22. September war déi feierlech "Mise en service" vum neien LFA1 vum "Centre d'Incendie et de Secours BETTENDORF".


Vill Éiregäscht aus der Politik, dem regionalen Pompjees- an Rettungswiësen, Volontairen , Jugendpompjeeën an Pensionnairen konnten vun der Madame Buergermeeschter Pascale Hansen an dem Zenterchef Fränk Kraemer zu Bettenduerf begréisst gin.


No der Begréissungsriëd an der Introduktioun vun der Madame Buergermeeschter, war et um Zenterchef fir d' Présentatioun vum neien Asazgefier mat enger Rei technëschen Informatiounen ze begleeden.


Den Här Minister Romain Schneider huet d'Félicitatiounen säitens der Regierung iwerbruecht an huet de Fräiwëllegen e grousse Merci ausgeschwat fir hiert onentgeltlëcht Engagement am Déngscht vum Biërger.


De musikalëschen Encadrement gouf assuréiert vun der Pompjeesmusik Bettenduerf.


Um Schluss vun der sympatëscher Feier, huet d'Gemeng Bettenduerf op eng Réceptioun invitéiert.


(Fotoen : Nico KLEIN & Raymond BRAUSCH)


Weider Fotoen :

op der Facebooksäit vum "Centre d'Incendie et de Secours BETTENDORF"