90. Gebuertdag

Den 09. August huet d'Gemeng Dippech d’Éier gehat de 90. Gebuertsdag vun der Madamm Catherine Thull matzefeieren.

De Rendez-vous war dës Kéier op der Terrasse vum Café "Um Bur" zu Betteng. Hei huet eise frësch vereedegte Schäffen, Philippe Meyers, der Madamm Thull am Numm vun der Gemeng Dippech, eng flott Corbeille an e schéine Bouquet Blummen iwwerreecht.

Mir wënschen der Madamm Thull alles Guddes fir säi Gebuertsdag an hoffen dass nach vill schéi Joren dobäi kommen.