Accident tëschent Auto a Camion

Zu Betteng ob der Mess koum et den 3. Juli géint 14.23 Auer zu engem Akzident. En Auto war einfach an d'Kraizung gefuer an hat dobäi e Camion, deen op der Virfahrtsstrooss war, iwwersinn. Den Auto ass an d'Sait vum Camion gerannt. Beim Camion entstoung e liichte Schued. Beim Auto war den Schued awer méi héich. De Mann aus dem Auto koum fir eng Kontroll an d'Spidol.

Op der Plaz waren d'Pompjeeën aus der Gemeng Dippech, Ambulanz an Sauvetage Mamer, souwéi Police vu Capellen.