En secheren Schoulwee, net zu Beyren

D’Schoul geet elo erem un an d’Medien schreiwen erem Artikelen iwwert den secheren Schoulwee.
Deen fent een awer net zu Beyren, well do baal iwwerall Autoen um Trottoir parken an d’Kanner mussen iwwer d’Strooss laafen an am schlemmsten ass et an der rue Langheck, wou virun Joren d’Gemeng den Trottoir weinst enger Waasserfuitt opgerappt huet an zenter hier den Trottoir net mei zou gemaach gouf. D’Hecken wuesen iwwert den Trottoir raus an daat Lach waat d’Gemeng do fabrizeiert huet ass mettlerweil eng „Mülldeponie“. Do brauch een sech jo dann net ze wonneren datt d’Elteren die 300 Meter d’Kanner mam Auto op den Busarret feieren. Souguer den Busarret ass virun allem am Wanter zimmlech gefeierlech well en deischter ass, d’Autoen meechtens ze seier fueren an dei Kanner, dei do mussen iwwert den Zebrastreifen goen oft net gesinn gin. Mee wei emmer muss wahrscheinlech verdeicht eppes gescheien befir eppes ennerholl gett. Meigelechkeeten wären z.b. besser beliichten Zebrastreifen, eng 30er Zone an der rue Langheck an an anneren Niewenstroossen fir eis Kanner dei do wunnen an spillen, a.s.w. Den Ball leit elo bei der Gemeng, also, wien vun den Gemengenverantwortlechen traut sech eppes ze ennerhuelen befir eppes geschitt??