Dem Éislek verflicht !

De Veräin « De Cliärrwer Kanton » huet op senger Generalversammlung, déi dëst Joer den 18. Mee zu Bënzelt am Musée « A Schiewesch » wor, en häerzleche Merci un all Gemengen, Partner an Ënnerstëtzer ausgeschwat, déi sech am Laf vum Joer 2025 fir d’Regioun agesat hunn.

De President André Bauler huet besonnesch d’Aarbecht vum Tresorier Adrien Wouters, deen eng impeccabel Comptabilitéit presentéiert huet, wéi och déi vum Chefredakter Christian Arend, deen sech mat vill Fläiss an Zouverlässegkeet ëm d’Verëffentlechung vun der kultureller Zäitschrëft « De Cliärrwer Kanton » këmmert, ervirgehuewen. Den André Bauler huet och déi exzellent Zesummenaarbecht mat verschiddene kulturellen an institutionelle Partner wéi z.B. de Klenge Maarnicher Festival, de Cube 521 oder de Gemengen aus dem Kanton Clierf ze würdege gewousst.

A senger Ried huet hien ënnerstrach, datt sech de Veräin och weiderhi fir eng staark Entwécklung vum Éislek asetze wëll – besonnesch am Beräich vun der Mobilitéit, der Gesondheetsversuergung an den ëffentlechen Servicer. Dobäi gouf och op verschidde grouss Infrastrukturprojeten am Norden higewisen, sou z.B. den Ausbau vum Lycée zu Clierf, d’Moderniséierung a Verbreederung vun der N7 am Zeeche vu méi Sécherheet an de Contournement vun Housen.

Och déi laangfristeg Zukunft vum Centre Hospitalier du Nord gouf thematiséiert. De Veräi plädéiert dofir, haut schonn iwwer eng laangfristeg Strategie fir d’Gesondheetsversuergung am Norden nozedenken, fir esou de Bedürfnisser vun enger Bevëlkerung Rechnung ze droen, déi méi al an divers gëtt an déi séier wiisst.

Zum Schluss gouf betount, wéi wichteg et ass, fir jonk Leit fir de Veräin ze motivéieren, fir datt dësen och an Zukunft eng staark Stëmm fir de Clierfer Kanton an d’Éislek bleift.

De Comité setzt sech follgendermoossen zesummen : André Bauler, President a Sekretär f.f. ; Francine Keiser, Vizepresidentin, Christian Arend, Chefredakter vun der Zäitschrëft, Adrien Wouters, Trésorier a Webmaster, Francis Breyer, Alice Enders, Nicolas Hamen, Henri Keup, Jean-Paul Mainz an Yves Schintgen, Memberen.