Generalversammlung Interesseverein Bënzelt-Holler-Bréidelt

Viran kuerzem hat den Interesseverein Bënzelt – Holler – Bréidelt op Holler op d’Generalversammlung invitéiert.

No der Begréissung vum Präsident Fred Huet, wor et un der Sekretärin Maryse Heinen dee gutt gefëllten Aktivitéitsbericht virzedroen.

D’Panneauen mat de Fotoen fir 50 Joer Interesseverein konnten endlich zu Bënzelt, Holler a Bréidelt opgestallt gi. Niewt de LUMUDAY’s, dem Feierowend Patt, d’Deelhuelen um Fest wi fréier zu Déifferdéng, konnt no zwee Joer Corona Paus endlich neess dat traditionellt Gromperefest organiséiert gin. Vill Leit haten sech bei bestem Wieder zu Bënzelt um Gromperefeld afonnt.

Am Musée waren 940 Visiteuren, wouvun den Groussdeel aus Lëtzebuerg, mee awer o aus Holland, der Belscht an Däitschland kënnt. Awer och eng Gruppe van 45 Amerikaner hat de Wee op Bënzelt fonnt.

De Gîte mam neie Naam „Vakanzenhaus Bënzelt“ steet kuerz virun der Fäerdegstellung, su dass hoffentlich fir den Afank van der neier Saison di ischt Gäst konnen begréisst gi.

En ronn 1.020 Stonnen hunn di fräiwëllig Memberen vum Comité fir de Verein geschafft.

De Finanzbericht vum Caissier Claude Welter gouf vun dem Investissement fir d’Renovatioun vum Vakanzenhaus dominéiert.

D’Joer 2023, gëtt d’Joer vun de Feierlichkeeten. Endlich kann d’Ausstellung vun den hollännischen Awanderer am Abrëll ageweit gi suwéi d’Aweihung vum Vakanzenhaus Bënzelt di am Juni ass.

Mir hun d’Chance eist Team am Musée mam Tessy Mensen, Tony Vercautheren a William Weber kënnen z’erweideren. Mam Danièle Patz ass o e neien Comitésmember bäikomm.


De Comité setzt sech lo wi folgend zesamen:

Fred Huet President

Pit Kohnen Vize-President

Maryse Heinen Sekretärin

Claude Welter Caissier

Francine Johanns Member

Danièle Patz Member

Armand Kremer Member

Laurentino de Sousa Member

Jean-Luc Schrobiltgen Member


Et bleiwen na weider fënnef Platzen am Comité ze besetzen. Wann o dir wëllt bei eis matschaffen, da mellt Iech beim President Fred Huet oder bei all aner Comitésmember.


Mer freien eis op eech!