Generalversammlung vum Interessenverein Bënzelt-Holler-Breedelt


Viru kuerzem huet den Interessenverein Bënzelt-Holler-Breedelt seng Generalversammlung am Vereinssall zu Bënzelt ofgehal.


No der Begréissung vum Präsident Fred Huet, wor et un der Sekretärin Maryse Heinen fir trotz den Aschränkungen wéinst dem Covid-19, een dach gutt gefëllten Aktivitéitsbericht virzedroen. Nieft deenen verschiddenen Aktivitéiten, stoung d’Joer 2021 ganz am Zeechen vun der Planung fir den Ëmbau an d’Moderniséieren vum Gîte d’étapes, wou d’Arbëchten lo amgaange sen. Fir 50 Joer Interessenverein a 50 Joer BIHOB kënnen och endlech d’Fotoen fir d’Verschéinerung an den 3 Dierfer opgestallt gin.


Am Musée huet d’Zuel vun de Visiteuren sech no engem schwieregen Corona Joer 2020 quasi rëm konnen verduebelen. Och am Gîte sen mat méi laangen Iwwernuechtungen d’Zuelen méi positiv vis-à-vis vum Joer virdrun.


Dëss Zuelen spigelen sech dann och positiv am Finanzbericht vum Caissier Claude Welter rëm.


E grousse Merci soen mer dem Ministère de la Culture, dem Ministère du Tourisme an der Gemeng Wäiswampëch fir hir finanziell Ënnerstëtzung.


Niewent den Personalausgaben an Uschafung vun engem neien Auto, bleift d’Moderniséierung vum Gîte d‘étape déi gréisst an Haaptinvestissioun fir déi kommend Joren.


Eng gréisser Manifestatioun erhofft de Veräin sech no 2 Joer Paus, fir zesummen mat den Veräiner aus dem Organisatiounscomité, rëm e Gromperefest um ischte Weekend am September konnen z’organiséieren.


De Comité setzt sech lo wéi folgend zesummen:


Fred Huet: Präsident


Pit Kohnen: Vize-Präsident


Maryse Heinen: Sekretärin


Claude Welter: Caissier


Member: Francine Johanns, Laurentino De Sousa, Armand Kremer, Jean-Luc Schrobiltgen, Ernest Antony an Danièle Patz (Vertriederin Gemeng Wäiswampech) zesummen.