Um Kannerfuesbal zu Bënzelt

An engem stëmmungsvolle Kader haten d'Elterevereenegung Wäiswampech och dëst Joer een flotte Kannerfuesbal am Veräinssall zu Bënzelt organiséiert. Een ganze Nomëtten voller Spass a Spiller stung vir d'Kanner um Programm. Et gouf vill gelacht a gedanzt, woubäi d'Fest mat engem afallsräiche Verkleeden keng Grenze gesat woren. D'Kostümer woren ganz fantasivoll mat farwegem Allerlee vu verschiddenen Déieren, Superhelden, Feeën, Äiskinigin, asw. alles war vertrueden. Zwëschenduerch konnt sëch mat Gedrënks a Kuch wéi och mat Bréidercher a warme Wirschtercher gestärkt ginn. Donieft hat een och d'Méiglichkeet gehat vill Präisser an enger flotter Tombola fir grouss an och déi kleng ze gewannen.

Awer irgendwann wor dunn och den flotten Nomëtten eriwwer, an et gung een gudd glaunt nees heem.