ASIVEMA APERO-TOUR ZU COLPECH

En ganz besonneschen Tour hate mer op Colpech an d'Schlass, zu enger 33 Wanderer, hun mir zesummen vun eisem Guide di flott Geschicht vu Colpech erklärt kritt.

Hei eng kleng Zesummefaassung:

Urspüngléch gouf eng befestegt Buerg am 14. Joerhonnert opgeriicht. Em 1628 huet d'Schlass dun zu Pforzheim gehéiert an gouf ëm 1747 ëmgebaut.

1820 bis 1873 huet et eng bedeitend Roll an der lëtzebuerger Kultur gespillt, ënnert dem Henri-Edouard de Marches, a sénger Dame Marie-Anne Cécile Papier, hien vor Herr vu Guirsch, an 1. Leutnant bei den Husaren vum Herzog Ferdinand vu Sachsen-Coburg déin am Dengscht vun Eisterräich stong.

Ab do krut dat Schlass séng kulturel Bedeitung : de jonken Moler Mihaly Munkacsy (1844-1900), an aner bedeitend Moler wéi den Laszlo Paal an de Wenzel de Brozik, den Skulpteur Stanilas Lami, den Geiist Jeno Hubay, den ungaresche Kardinol Haynald, an besonnesch den Franz Lizt, sinn do an an aus gaangen.

1917 as d'Schlass vum groussen Industriellen Emile Mayrisch kaaf ginn, a mat Hëllef vum Architekt Sosthène Weis renovéiert an ëmgebaut ginn.

Ennert hinnen koum et zu enger fantastescher Kollektioun e.a. vun de Skulpteuren Maillol, Despiau, Kolb a Bourdelle am Park.

1947 huet d'Madame Aline Mayrisch d'Colpecher Schlass un d'Croix Rouge veriewt mat der Oblaag et misst ëmmer zum Wuel a vun der Gesondheet vum Vollek genotzt ginn.

Den Här an och d'Madame Mayrisch sinn am Park begruewen.

Eng Visit fir jiddereen déi op alle Fall derwert ass.