ASIVEMA APERO-TOUR ZU DIDDELENG

Treffpunkt wor zu Diddeleng beim Restaurant Park Le'h, vun do aus gong et laanscht d'

Statioun fir wëll Déieren, Richtung Monument zur Erënnerung un déi Awunner déi de 17. Mee 1794 am Kampf mat de franséische Revolutiounstruppe gestuerwe sinn.

Monument dat un di bluddeg Evenementer 1794 erënnert, wou d'Dierfer Diddeleng, Biereng an Butschebierg (di zur Grofschaft vu Mont Saint Martin gehéiert hun)

74 Persounen (72 Männer, 1 Fra an 1 jonkt Meedchen tescht 5 a 80 Joer sin deen Dag ëmkomm .

Dun koum eng Stréck, di zum offizielle Jacobs Wee gehéiert, nodeem mer bei der Antenn (wou dat Ongléck mam belsche Flieger passéiert wor) duerch de Besch rem zréck koumen.

Alles am allem e ganz émouvanten an interessanten Tour.