ASIVEMA NATUR AN KULTUR ZU ROSPORT

ASIVEMA KULTUR AN NATUR ZU ROSPORT


Treffen wor niewt dem Musée vum Henri Tudor, den Fils vun engem Englänner an der Lëtzebuergerin Marie Loser, hien huet 1879 bis 1883 Ingenieurswiesen zu Bréissel studéiert, vun 1885 dun zu Parais, Elektrotechnik.
An de Joeren 1879 bis 1882, huet hien, nach als Student, eng Gleitstroumanlag an séngem Elterenhaus, dem Irminenhaf zu Rosport, ageriicht an un d'Waasserrad dunn en Dynamo vum Typ Gramme ugeschloss a mat dem eng Bir gespeist.
Hien huet awer gemierkt datt de Stroum onregelméisseg gefloss ass, an huet doropshin Bläiakkumulatoren agebaut fir d'Spannung regelméisseg ze halen an die onverbrauchten Energie ze spaicheren.
Dese Musée as absolut kuckeswert, e besteet seit Dezember 2006 .
D'Gebäi gouf vum Architekt Marcel Niederweis ëmgebaut.
D'Girsterklaus läit uewen iwwert dern Sauerdal. Nopeschdierfer sin Hinkel an Girst.
D'Kapell as der Mariä Himmelfahrt geweit an gouf fir d'éischt 27.2.1329 erwähnt. Des Plaz wor schon ënnert de Réimer bekannt.
Eisen Tour wor ganz schéin mat wonnerbaren Vuen.


Nächsten Tour as zu Insenborn, den 28.8.2022, Treffen as um 09.00 Auer um Burfelt.