ASIVEMA OP DE SPUREN VUM ROBERT SCHUMAN

Et as um Glacis lassgaangen mat enger 40 Interesséierter (2 Gruppen mat jeweilegem Guide vum LCTO) bei d'Denkmal vum Robert Schuman.

Dono laanscht de Pescatore erof bei d'Drei Tierm, Richtung aalt Geriicht, iwwert de Bock, vun wou een eng super Vue huet op d'Geburtshaus vum Robert Schuman "de Papp vun Europa" a Clausen just hannert dem alen Deitsche Zaldotekierfech vum 1. Weltkrich, um Wee fir op de Kirchbierg.

Zanter 1990 as hei de Haptsëtz vum "Centre d'études et de recherches européennes Robert Schuman (CERE)". dunn bis bei den huelen Zant, dono erop laanscht d'Mechelskirch, bei de Palais , bis bei di aal Sainte Sophie, an d'protestantesch Kirch. Anschliessend iwwert de Knuedeler an d'Plëss Richtung Amalia rem op de Glacis.

E ganz interessante Wee, deen sech gut geet, an villes ze bidden huet.