ASIVEMA OP DE SPUREN VUN DE REIMER ZU VICHTEN

De 27 März hu mer eis zu Viichten getraff fir op de Spuren vun de Reimer ze wanderen.


Eise Guide, den Här Romain Jacoby, President vun de Viichter Geschichtsfrënn, huet eis ganz ausféierléch de ganze Werdegang vun den Ausgruewungen zu Viichten erklärt.


Besonnesch op der Plaz, wou haut de Bauerenhaf mat dem berühmte Viichter Mosaik läit, sinn nach ganz vill Gebäilechkeeten ënnert dem Bueden verstoppt, die et nach ze entdecken gellt.

Hei wor eng ganz grouss Anlag mat e ville Gebäier, Villaen an hir Gärt.


Dese Site wor immerns bedeitent zu senger Zäit, do gouf schon Eisenerz verschafft wat an der ganzer Regioun gebraucht gouf. Dest gett op ëm d'Mëtt vum 2. Joerhonnert datéiert.


Ënnert den gut erhalenen Steenfragmenter op Viichten-Akscht, déi schon am 12. Joerhonnert am deemolegen Besch tëscht Schandel a Viichten zum Virschein koumen, woren ganz grouss Tempelen, bedeitend Griewer, Afferplazen, asw. do sinn ganz vill monumental Statuen ausgegruwe ginn, si leien elo am Musée sénger Réserve zu Bartreng, wou se ënnersicht ginn.


Leider as och scho villes verluer gaangen oder zerstéiert gin duerch Onkenntnis.

De Viichter Geschichtsfrënn ass et ze verdanken dat elo endléch nët méi do duerf geraumt ginn wéi et grad passt, de ganze Site soll konservéiert ginn.


Alles an allem ganz interessant an immens léierräich, absolut ze rekommandéieren.