ASIVEMA ZU KAERCH BEIM TEMPUS MEDIAEVALE

D'Asivema huet och dest Joer zu Kaerch um Tempus Mediaevale deelgeholl, mat verschidden Aktivitéiten:

Farwen aus Naturmaterial esou wéi am Mettelalter hiergestallt, Molatelier fir Kanner, e flotte Quiz fir d'Kanner.

Vill Informatiounsmaterial fir den Tourismus am Westen ze promowéieren.

Während den 2 Deeg hu mer vill verschidde Leit konnte kenneléieren virun allem vill auslännesch Matbierger die sech nawell stark fir eis Géigend interesséiert hun.

Ronderem eis wor natierléch och ganz vill lass, vill flott Stänn a soss Aktivitéit.

Och der Asivema hir Apero-Tir "Natur a Kultur" sou wéi d' Randocroquis sin ganz beléiwt.