GENERAL VERSAMMLUNG VUN DER ASIVEMA ZU KOLER

Trotz den Sanitären Restriktiounen hate mer e gut Joer mat 11 Apero-Tir mat iwwer 100 km am ganzen, an 215 Wander-Begeeschterten; (am Juli wor eisen 600. Tour an d'Natur)

Och woren bal 50 Interesséierter mat op eise Rando-croquis ënnerwee (ënnert der Leedung vu verschidde Kënschtler) eraus an d'Natur a konnte do hir Biller skizzéieren.

Am Summer huet d'Asivema zu Kärch um Tempus Mediaevale während 2 Deeg deelgeholl, mat villen flotte Fotoen, engem Infostand an Aktivitéiten fir Kanner. Fir di grouss woren Atelieren proposéiert ginn fir di verschidde Faarwen aus dem Mëttelalter hierzestellen mat den Mettelen vun deemols.

De Comitée besteet aus :
President: Camille Liesch, Vize-President: Jos Nothum, Secrétaire: Germaine Everard, Tresorier: Romain Lucas, Memberen: Patty Dupond, Guy Britz, Jeannot Weber, Nello Zigrand.
D'Asivema huet aktuell 152 individuell Memberen, 12 Gemengen an 10 Syndicat d'Initiativen.
D'Asivema as och aktiv am Leader West, Leader Atert-Wark an ORT Gutland.