Scheckiwwereeschung

Biissen. An der Generalversammlung vum
Biisser Fußball huet de Komitee vum 75.Anniversaire 2 Schecken an Héicht vun 1500€ un „Fondatioun Kriibskrank Kanner“ an un „d‘Association pour le Spina Bifida“ iwwereescht. Des Beträg stammen aus dem Erléis vun sellegen Manifestatiounen am Kader vum 75.Anniversaire vum Biisser Fußball. E groussen Merci un all déi Leit déi hei eng Hand matt ugepaakt hunn.

Weitere Neuigkeiten von Mario Breyer >