D‘Biwer Musek gratuléiert dem Emile Kalmes fir seng 90 Joer.

Den Emile Kalmes, langjährejen Buergermeeschter vun Biwer, krut den 6. Juli 90 Joer. Hie war och während langer Zäit Comitésmember an President vun der Biwer Musek. Déi huet sech durfir eng Éier draus gemat fir him a sengen Matbewunner e Concert am Altersheim zu Grevenmacher ze spillen.