Den Kleeschen hat fir jiddereen eng Tiitchen derbäi

No aler Traditioun haten den lëschte Samsdeg 2 Dezember, den Club des Jeunes, an Zesummenaarbecht mat der Primär-Schoul vun der Gemeng Biwer an der Maison Relais, den Kleeschen am Centre Culturel FANCY emfaangen. Nodeems déi verschidden Cyclen, ugefangen mat den Schüler aus dem Précoce an der Spillschoul, dem Kleeschen een Ständche bruecht haten, krut all Kand eng Tiitchen mat ville Schneekegkeeten. Dat ganzt war musikalesch encadréiert vun der Biwer Musek. Zum Ofschloss gouf et fir Jonk an Aal, an enger ganz flotter Ambiance, e pour gemittlech Stonnen um Niklosmaart am Schoul-Haff.