Präisverdeelung Village Fleuri an der Gemeng Biwer

Den 11.1.2020 huet Präisverdeelung vum Village Fleuri an der Gemeng Biwer stattfonnt, dëst gouf organiséiert vum Gaart an Heem Biwer a Wecker an der Gemeng Biwer. Am Ganzen goufen 95 Haiser priméiert an 54 dovunner kruten een Präis fir déi schéinsten Blummen op den Fënsteren, Balcon’en, Säitepassagen a Virgäertercher souwéi d‘Anlagen. Gläichzäiteg gouf dem Robert Weis an den Guy Etringer fir 15 Joer Asaz bei der Fleeg vun den Blummen op eisen Brécken zu Wecker Merci gesot. No der Präisverdeelung huet Gemeng Biwer op den Éierewäin mat Schnittercher invitéiert