Masken fir Blaaschenter Leit

Wärend dem Confinement am Mäerz an Abrëll hunn d‘Pierrette Kemp-Klein an d'Béatrice Peters fläisseg Stoffmasken gebitzt an un d’Awunner vu Blaaschent verdeelt. Well d‘Stoffbutticker nach zou waren, sinn d‘Masken aus Bettgezei oder soss Reschter vu Stoff gebitzt ginn. Den Erléis vun dëser Aktioun waren 2.000 Euro, déi un d’Fondatioun Kriibskrank Kanner gespent goufen. D’Dammen vum Kiwanis Club Alstad hunn d’Aktioun koordinéiert an d’Suen gesammelt. bp