Flächebrand am Bësch tëschent Bouckels an der Giewelsmillen

En Freideg (09.04.2011) géint 20h30 Auer koum et am Bësch op der Stréck tëschent Bouckels an der Giewelsmillen op der Héicht vun Diirbech am Bësch zu engem Flächebrand.

D’Pompjeeën aus der Gemeng Géisdrëf ware mat 22 Mann op der Plaatz an haten d’Féier séier ënner Kontroll. D’Läschaarbechten hunn gutt 2 Stonne gedauert a ca. 20 Ar sinn de Flamen zum Affer gefall. D’Brandursaach war héchstwahrscheinlech eng ewechgeworfen Zigarett.

Op der Plaatz huet d’Police vu Wooltz enquetéiert.