Nët ze verwiesselen: 2 X BOCKHOLTZ (Boukels/Buckels) am Éisleck !

1. Boukels, Bockholtz, zielt zu der Gemeng Géisdrëf an dem Kanton a Porverband Wolz. Seng Awunnerzuel louch Mëtt August 2016 bei 83, ‘t huet zoufälleg ee méi wéi Enn Oktober 1848 (laut dem deemolege mémorial législativ). Seng Drenkwaasserleitung speist den 1985 gebauten 29 Meter héije Waassertuerm vun Dol, deem säi Waasserbehälter op 4 Stäipe steet. Um roude Feld vum Gemengewopen symboliséiert ee vun de 6 gëllene Stäeren d’Kadaster-Section Boukels - an d’Eech de charakteristesche Bam vun der Regioun. An Ëmfeld vum Duerf ‘am Kranz vu Bëscher an Hecke’ kéinnte sech Feeën a Kobolde verstoppen. Den Tolkien-Illustrateur Alan Lee hätt hei kënnen Inspiratioune fanne fir seng Zeene voller Detailverléiftheet. (Dëst schreift een, deen emol zu Lëtzebuerg seng ‘patrie d’adoption’ hat, de Jean-Claude Sacerdot.)


2. Bockholtz (Parc Hosingen)

Bockholtz (luxembourgeois : Buckels) est une section de la commune luxembourgeoise du Parc ...

Commune: Parc Hosingen

Canton: Clervaux

D‘Buckelser Kierch huet d‘ ‘taille d‘une chapelle’. Se gouf mat der Kiercheplaz 1968 ‘monument classé’ an 1996 banne restauréiert. Am Steen iwwer hirer Entrée ass 1734 agemeesselt. An deem Joer hat de Jean Jacques Scholtes vu Munzen se gebaut mat Hellef vun Awunner, déi et als Éier gesouchen eng Hand unzepaken. Se huet ë.a. Statue vun hiren zwee Patréiner Valentin an Donatus, eng nei Marieskulptur, en imposante, polychroméierten Altor a klassesch Bänken. Hir 6 Fënstre vun ëm 1935 beliichten Themen (z.B. d‘Bestiednes mam Bildtext ‘Ein Herz und eine Seele’) a stamen aus dem Atelier Linster. D‘Duerf hat virun 1803 zur Por Munzen gezielt, dann zur Housener. ‘t ass rar ernimmt, mä 1450 hat e Bréif vun engem Clierfer Här do eng Kierch attestéiert (a fälschlech supposéiert hirt Gelauts wéillt viru senger Attack warnen.) - Friddlech stinn d‘zwou wäithi siichtbar remarkabel Lannen an Direktioun Lellgen. Si bewaachen e Schieferkräiz vun 1865, sinn ënner Naturschutz a ware geplanzt ginn als Merci vun der Koppel Fischels-Spartz. 1956 war di gréisst 18m héich an hire Kroundiameter louch bei 17m! (Adm. eaux et forêts) - De Lex Jacoby war hei emol Schoulmeeschter; seng ‘betrachtende Prosa’ war bekannt fir Verbonnenheet mat Natur, Landschaft a Saison. (P. Marson) Seng Weieren hate Buckelser Fëschdreem inspiréiert mam Titel „nachts gehen die fische an land!“