E Potpourri duerch d‘Lidderwelt - e flotten Owend mam Männerchouer Béiwen/Atert

De Männerchouer Béiwen/Atert hat zesumme mam Männerkouer Atertdal op en ofwiesselungsräiche Lidderowend am Centre Culturel zu Béiwen un der Atert invitéiert. Am éischten Deel vum Owend hun déi Béiwener Sänger ënnert der Leedung vum Marguerite Thomé-Schmit, a begleet vum Christiane Parries-Schiltz um Piano, den zahlreiche Publikum begeeschtert. Am zweeten Deel hut de Männerkouer Atertdal ënnert der Leedung vum Adriana Mitù, a begleet vum Kyoko Kashii um Piano an dem Benoit Schmeler op der Batterie, eng Reih flott Lidder gesongen. De kréinenden Ofschloss ware véier Lidder, déi déi zwou Choralen zesumme gesongen hun. D'Berthe Elsen-Melkert huet mat vill Witz a gudder Laun duerch den Owend gefouert. De Claude Mathekowitsch, Präsident vum Béiwener Gesank, huet ofschléissend deene ville Leit Merci gesot, déi zu dësem gelongenen Owend bäigedroen hun.

D'Leit mussten och net hongereg heem goen, well ët gouf eng gudd Assiette.