BOOMCHAKALAKA GRAFFITI JAM zu Boufer

Jugendhaus vun Luerenzweiler "An der Sonn" huet wéi all Joer ënnert dëm Patronat vun der Gemeng Luerenzweiler hiren GRAFFITIFESTIVAL organiséiert.
Dëst huet stattfond an der Cité R. Schmitz zu Boufer e Samschdes den 16.07.2011 vun 10.00 Auer bis 20.00 Auer an Sonndes den 17.07.2011 vun 10.00 Auer bis 20.00Auer.
E Samschdeg hat Gemeng Luerenzweiler op en Éierewäin an der Gemeng invitéiert.
Artisten aus Däitschland,Frankräich, Belge, Italien a Lëtzebuerg, haten Invitatioun vum Jugendhaus ugeholl, an hunn op enger Mauer vun 300 m2 hiert artistesch Kënnen ënner beweis gestallt, an Mauer an en Faarwespill verwandelt.
Esouguer Noperen sinn begeeschter, an hëllefen wann e Mann gebraucht gëtt.
Pompjeeën vun Luerenzweiler an de Club des Jeunes suergen vir Iessen an Gedrénks. Bei engem Workshop, krut een Tricken a Kniffen vun de Profien gewisen.
Eng flott Initiativ vun der Gemeng Luerenzweiler mam Jugendhaus "An der Sonn" wou Artisten hiert Kënnen ënnert beweis stellen, ouni nuets mat enger Kaputz rëm ze lafen, an Graffiti heemlech un Mauer oder Zuch ze hannerloossen.