Vum 01. Juli 2016 – 04. Juli 2016 ass nees wéi och schonn déi Joren virdrun den Graffiti Jam an der Cité R. Schmitz zu Boufer ofgehale ginn.
Nodeems Freides Mëttes d´Schüler vum Cycle 4.2 vu Luerenzweiler an engem Workshop deen ënnert der fachmännescher Leedung vun internationalen Artisten geleet gouf voll Begeeschterung richteg Konschtwierker produzéiert hunn , war Samschdes Owes an enger klenger Receptioun Präisverdeelung. Bei dëser Geleeënheet gouf den Éierewäin vun der Gemeng Luerenzweiler zerwéiert.
De ganzen Samschdeg iwwer huet d´Jugendhaus " An der Sonn " an de Club des Jeunes Luerenzweiler fir Iessen a Gedrénks gesuergt.
Während dem ganzen Weekend konnte een deenen verschiddenen Artisten bei hirer Aarbecht iwwer d´Schëller kucken an wien drun interesséiert war konnt selwer e Graffiti Panneau sprayen.
Dat ganzt war wéi ëmmer vum Jugendhaus "An der Sonn " , der Gemeng Luerenzweiler an der Gemeng Lëntgen organiséiert.
Fotoen : Steyer - Fonck Alice
copyright