Ufank vun der Waasserball Meeschterschaft 2012-2013

An der Schwëmm vun Bouneweg huet dese Weekend d'FLNS Waasserball Meeschterschaft ugefaangen. Als éischt stungen sech den aktuellen Champion Swimming Lëtzebuerg an Diddeleng vis-a-vis. Déi éischt Equipe vum Swimming huet sech wéi allgemeng erwaart duerchgesaat, och wann Diddeleng sech gudd gwiert huet; um Schluss stung et 10-5 fir SL1

Am zweete Spill ass déi zweet Equipe vum SL géint den CN Dikrich ugetrueden. Do haten dann déi aus der Nordstad et relativ einfach an hun mat 15-4 gewonnen.

Am PDF kennt der den kompletten Spillplang gesin.