3. Strȏssefest an der Aa & friends

Et war erem souweit an eist 3. Strȏssefest huet den 28.07.2012 stattfonnt.

Samsdesmoies sinn d´Zelter an der Aa opgeriicht ginn. An der Möttesstonn ass de Menu agetraff, déen dun iwert dem Feier zouberéet gouf. Gedrenks lung káal an et war alles prépareiert fir d´Nopeschfest.

Och döst Joar ass erem gehollef ginn. Bei éngem Noper ass de Buedem verdéelt ginn mat Höllef vu geégentem Material: Trackter, Schubkâr, Schöepp an natierlech dem Buedem. Wei alles ob der Platz an ausgeriicht woar ass dunn de Wuess geséit ginn.

Zesummen gefeiert hun 42 Erwuesener an 18 Kanner, fir d´Stemmung hu mer selwer gesuergt.

Um Menu stung: Fierkel um Spies mat gratineierten Gromperen, verschieden zorten Zalot an Geméis, duerno gouf et nach Kaffi an Toart, dei vun de Noperen aus hiren jeweilegen Hierkunftslänner traditioun sin..

Bis speit an d´Nuecht eran war d`Stemmung gudd et gouf vill gelaacht an nei Frendschaften si geschloss gin.

Sonndesmoies ass geraumt a gebotzt gin.