Verdéngschtvoll Sängerinnen geéiert

Bur

Am Kader vun hirer Generalversammlung huet d'Chorale Ste. Cécile vu Bur hir langjärig Sängerinnen, d'Mme Agnes Hurt-Weydert an d'Mme Alice Classen-Weber geéiert. Den H. Josy Schoellen, Scheffen vun der Gemeng Rouspert-Mompech, huet hinnen d'Piusmedaille mat Palmetten fir 40 Joer Déngscht iwwerreecht. Sengen häerzlechen Gratulatiounen hunn sech besonnesch och den Präsident vun der Chorale, Michel Steinbach, an den Dirigent, Léon Nies, ugeschloss.