QUINTETT PFORTE um Festival vum Bierger Schlass

Den 28. Februar 2021 huet de Quintett Pforte aus Feldkirch (Éisträich), am Kader vum Festival de Musique au Château de Bourglinster, de Streichquintett 1936 vun der quasi onbekannter Komponistin Maria Bach an de magistrale Streichquintett in C-Dur vum Franz Schubert interpretéiert.


Eng wahrhafteg Revelatioun war ët, der zäitgenösseger Komponistin Maria Bach, déi a kengster Weis mam Johann Sebastian Bach familiär Wuerzelen huet, hier Kompositioun ze entdecken. Voller Leidenschaft a mat erausragendem musikalesche Können, huet de Quintett Pforte, ënnert der Leedung vum Klaus Christa, all d'Nolauschterer wossten ze begeeschteren.


Am strikte Respekt vun de sanitäre Mesuren a virun engem op e Neits quasi ausverkafte Rittersall um Bierger Schlass, hunn de Quintett Pforte getrei hierem Motto: "Durch Musik den eigenen Sinnen trauen", hiere Publikum bis an d'Déifst vum Häerz beréiert, inspiréiert a virun allem iwwerzeecht.


Nächsten Event vun de Frënn vum Bierger Schlass:


Sonndes, den 28. März 2021 um 17:00 Auer

Soirée littéraire mat de lëtzebuerger Schrëftsteller: Christiane Modert a Claude Schmit

Presentatioun: Danièle Gaspart


!! Opgepasst: De Concert vu Sonndes, den 14. März mam Albrecht Breuninger (Gei) a Katrin Reifenrath (Piano) huet misse krankheetshalber ANNULÉIERT ginn.


Info: bourglinsterfestival.lu

Reservatioun: Tel.: 78 81 56 oder acb@pt.lu

Weitere Neuigkeiten von Amis du Château de Bourglinster >