Buurschent, Concert zu Gonschten vun der Ukraine, den 16.07.2022

Dese Concert zu Buurschent an der Kierch gouf organiséiert vun der Chorale Ste Cécile a virgedro vun der Madame Jehanne Strepenne op der Gei an dem Häer Rosch Mirkes op der Uergel. Si hun Wierker vun Biber, Castello, Corelli, Händel, Loeillet, Marchand, Merula, Senallié an Vivaldi presentéiert. D'Musikanten hun op hir Gage verzicht. Des Geleenheet erméiglecht der Chorale een Don vun 1000 € un UNICEF ( Ukraine ) ze spenden. De Betrag setzt sech zesummen aus der Quête vum Concert: 650 € an engem Don vun der Chorale vun 350 €. Mir soen jidferengem Merci, den sech un deser Aktioun bedeelegt huet.