Buurschent: Konveniat vun den Nokomme vun der Famill GLAESENER-KELLEN

Viru kuerzem hu sech d’Nokomme vun der Famill GLAESENER-KELLEN um Buurschter Schlass zu engem Konveniat getraff. D’Madame Annie NICKELS-THEIS, Buergermeeschtesch vun der Gemeng Buurschent, a Begleedung vum éischte Schäffen, dem Här Raymond JUNCKER, huet d’Leit am Rez-de-Chaussée vum nei amenagéierte Stolzebuerger Haus um Schlass ganz häerzlech begréisst an hirer Freed doriwwer Ausdrock ginn, dass déi „al Buurschter“ ëmmer erëm de Wee an hiert Schlass fannen. Si huet op den Apéritiv invitéiert, dee vun der Buurschter Gemeng offréiert gouf.

Am Numm vum Organisatiounscomité, deen aus deenen 3 Damen Marie-Paule Mootz, Gaby Kayser-Glaesener a Monique Zenner-Glaesener besteet, huet d’Marie-Paule op seng schnokeg Manéier Informatioune ginn iwwert d’Zustaankomme vum Konveniat an iwwert de weideren Oflaf. Wärend dem Apéritiv war Geleeënheet sech al Familljefotoen unzekucken, a ganz vill ware verwonnert festzestellen, wéi si virun „X“-Joeren ausgesinn hunn. E gutt Mëttegiessen gouf um 1. Stack zerwéiert.

Nom Haaptplat, virum Dessert, huet den Nik Glaesener mat enger Power Point- Presentatioun eng Zesummestellung vum Stammbam vun der Famill GLAESENER iwwert déi lescht 4 Joerhonnerten an iwwert hir Usiidlung zu Buurschent ginn. Ganz besonnesch ervirgestrach goufen déi an engem Buch festgehalen Erliefnesser vum Jean-Baptiste Glaesener, dem éischte „Buurschter Glaesener“, dee wärend 6 Joer als Zaldot vum Napoléon Ier a Spuenien an an Ost-Däitschland de Krich matgemaach an iwwerlieft huet.

Eng Besichtegung vum Schlass, ënnert der fachmännescher Féierung vum Marco Van Maris huet d’Festlechkeet ofgeschloss. Et huet kengem Leed gedoen, dass en derbäi war, a mir waarden all op den nächste Konveniat.

( Nik Glaesener /Foto : Annie Nickels-Theis )