Scheckiwwerreechung Fraen a Mammen Bousserdall

An der Generalversammlung vum 22.5.23 hun d'Fraen a Mammen Bousserdall Schecken an Héicht vun 8 500€ u véier verschidden Organisatiounen iwwerreecht: Caritas, Hëllef fir d'Äerdbiewenaffer an der Türkei, Foyer Pietert vu Gréiwemacher, Oeuvres paroissiales vu Bous a Kolping fir de Projet Bitzatelier am Kongo, dee mir mat hirer Hëllef zënter e puer Joer ënnerstëtzen. Dëse Betrag staamt zum gréissten Deel aus dem Erléis vum traditionelle Basar op Wäissen Ouschtersonndeg. Mir soen alle Leit e grousse Merci déi eis all Joer ënnerstëtzen sief et mat hirer Präsenz om Basar oder mat engem Don.