Dräikinniksconcert zu Branebuurg

Dräikinniksconcert vum 6. Januar zu Branebuurg

Am éischten Deel huet d´Chorale, zum Deel ënnerluecht an begleed op der Flütt an op der Uergel vum Lili a Roger Recht, Stécker vum Michael Praetorius, Lowell Mason, John Hopkins, Samuel-S-Wesley an traditionell Spirituals interpretéiert.

Am 2. Deel hun d´Uergel an d´Flütt Wierker e. a. vum F. Mendelssohn-Bartholdy, Johann-S Bach, Carl-Ph.-E. Bach am J. L. Krebs gespillt.

De Carlo Migy huet aus dem Weihnachtsoratorium de „Grosser Herr und starker König” a vum Hugo Wolf „Nun wandre Maria“ an „des Knaben Augen“ op seng impressionant Manéier gesongen.

Ofgeschloss gouf de Concert vum Roger Recht mat „dulci bluesio" vum M. Nagel an duerno zesummen mam „Transeamus usque“ vum J. Schnabel



Dëse schéine Concert fir a viru ganz ville Leit hum mir zesumme mat engem Glaass waarmen Hunnigwäin an engem Stéck selwer gebaakene Stollen ofgeschloss.