Abby, 9 Joer, raar Krankheet, géif gär ënnert engem Stärenhimmel schlofen

Dës Woch waren d'Benevolen vu Kanner Wonsch ënnerwee vir d'Kummer vum klengen Abby ëmzebauen. D'Abby as 9 Joer al an huet eng raar Krankheet, duerch déi hatt Spasmen an den Ärm an de Been kritt. 

Säi gréisste Wonsch war et, ënnert engem Stärenhimmel ze schlofen. Also hun d'Benevolen vu Kanner Wonsch seng Kummer komplet renovéiert vir dass hatt ëmmer vun engem Himmel voller Stären kann profitéieren. Hatt kann elo de Mound an d'Stären aus sengem neie Bett bewonneren. 

Nët nëmmen huet d'Entreprise Morosini, spezialiséiert am Obbau vun plafond tendu, him en Himmel nogebaut, mä d'Benevolen hun him och seng ganz Kummer renovéiert an nei dekoréiert. Dat Ganzt zu senge Lieblingsthemen: Stärenhimmel an Meerjungfrauen. 

D'Abby huet eng artistesch Séil a léist sech vu senger Krankheet nët ënnerkréien. Bastelen a Kreativitéit sin seng gréisste Freed. Dovir hun d'Benevolen, mat der generéiser Ënnerstëtzung vum Fachmaart Robert Steinhäuser, him dat ganzt Material offréiert, vun dem e Kënschtlerhäerz sou dreemt. 

Ob Besuch bei sengen Grousselteren säit e Méindeg, konnt d'Abby sech nët erdreemen wat vir en neit Ëmfeld hatt gëschter Metteg doheem géif erwarden. 

De Moment wou hatt seng Kummer nei entdeckt huet, war d'Abby iwerglecklech. Iwerall wou hatt gekuckt huet waren nei Sachen ze gesin. Hatt war iwerwältegt vun dem wonnerschéinen Stärenhimmel, deen sech iwert säi ganze Plafong zitt. Säi Lachen as duerch dat ganzt Zëmmer gang. Déi schéin blo Farw un de Maueren betount de kräfteg bloen Himmel mat sengen klengen Stären-LEDen nach méi. 

D'Abby konnt de Moment voller Emotiounen mat senger Famill a senge beschte Frëndinnen deelen. D'Benevolen hun extra vir dës Gelegenheet nach Erfrëschungen an Kuch bereet gestallt. 

Mir géife gären folgende Leit Merci soen, ouni déi de gréisste Wonsch vum Abby nët méiglech gewiecht wär:

Wishforce: Joëlle, Héléna, Jelena, Jonathan, Marcel, Elodie

Wish helpers: Fachmaart Robert Steinhäuser SA, Studio-Land Sàrl, ML Concept-Morosini SA, Daniel Jeromito.

Wish photographer: Gregory Jeromito

Vir weider Detailer iwert dëse Wonsch kënnt dir eis gär iwert buro@wonsch.lu oder +352 314-595 kontaktéieren.